top of page
Search
  • monicasemedo6

Monica Semedo, Fokus-Spëtzekandidatin fir d'Europawalen

Invité vun der Redaktioun - RTL


E Méindeg de Moie waren d'Europawalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".


D'Europa-Spëtzekandidatin vun der Partei Fokus war e Méindeg de Moien Invitée vun der Redaktioun. D'Monica Semedo, déi jo mat Mobbingreprochë confrontéiert ass. Den Dossier léich elo beim europäesche Geriichtshaff, si géif elo ofwaarden, ob hire Recours do ugeholl gëtt.


Déi lescht Jore wieren net einfach gewiescht, dorënner hätt si gelidden, och gesondheetlech. D'Affär hätt hirem Image geschuet, dat hätt sech am leschte Politmonitor gewisen, an dat géif si verstoen.

Ouni DP am Réck a mat de Mobbingreprochen am Raum, wier et natierlech och eng Erausfuerderung, fir gutt bei den Europawalen ofzeschneiden.


Dowéinst wéilt si de Wieler elo erklären, firwat si stéing, firwat si sech déi lescht 5 Joer staark gemaach hätt. An zwar Chancëgläichheet, Inclusioun an en europäesche Mindestloun. D'EU bräicht Reformen, esou d'Monica Semedo weider, beim Fonctionnement, der Kommunikatioun an der Defense zum Beispill.


Wa si et net an d'EU-Parlament kënnt, wéilt si iwwregens weider bei der Partei Fokus bleiwen.


5 views0 comments

Recent Posts

See All

Commentaires


bottom of page